1 – Ech géif gär ee vun äre Vertrieder gesinn. Wat soll ech maachen?
Hannerloosst eis Är Donnéeën, a mir wäerten Iech kontaktéieren, fir e Rendez-vous festzeleeën.
2 – Ech hunn eng Fro iwwert meng Rechnung? Wat soll ech maachen?
Kontaktéiert einfach eise Finanzservice iwwer folgend Adress: e-invoicing@fixmer.lu
3 – Ech géif gär Äre Katalog geschéckt kréien? Wat muss ech dofir maachen?
Dir kënnt eis per Email iwwert info@fixmer.lu, um Telefonsnummer: +352 31 18 45-1 oder iwwert den Formulaire op eisem Internet-Site kontaktéieren
4 – Ech hu keng TVA-Nummer. Kann ech Client ginn?
Eis Clienten sinn nëmme Geschäftsleit a mussen also onbedéngt eng TVA-Nummer hunn. Wann Dir e bestëmmte Produit sicht, kontaktéiert eis a mir wäerten eist Bescht maachen, fir Iech weiderzehëllefen
5 – Wéi kann ech Client ginn?
Et ass ganz einfach. Kontaktéiert eis an ee vun eise Geschäftsvertrieder wäert sech ganz séier bei Iech mellen.
6 – Ech sinn en Hiersteller a wëll Produiten oder Servicer u Fixmer verkafen?
Kontaktéiert eis ganz einfach iwwert info@fixmer.lu den Telefonsnummer +352 31 18 45-1 oder de Formulaire op eisem Internet-Site an ee vun eise Vertrieder wäert sech bei Iech mellen.
7 – Ech ka meng Fro net an der FAQ-Lëscht fannen? Wat soll ech maachen?
Stellt ganz einfach Är Fro iwwer eisen Onlineformulaire.
8 – Ech sinn eng privat Persoun an Är Produkter géife mech interesséieren, wat kann ech maachen?
Eis Cliente sinn nëmme Geschäftsleit. Wann Dir e bestëmmt Produkt sicht, kontaktéiert eis a mir wäerten eist Bescht maachen, fir Iech weiderzehëllefen.